Zeréck bei den Inhalt


BIBELCOURS MAT ENGEM BIBELLEHRER

Glécklech fir ëmmer

An dësem gratis Bibelcours kritt een Äntwerten op dës Froen:

  • Wat mécht wierklech glécklech?

  • Gëtt et eng Kéier eng Welt ouni Misär an Ongerechtegkeet?

  • Kann ee Verstuerwener eng Kéier erëmgesinn?

  • Interesséiert sech Gott fir mech?

  • Wéi biet ee richteg a lauschtert Gott engem no?

Gratis

De Cours an d’Publikatioun Glécklech fir ëmmer, wéi och eng Bibel, falls een eng brauch, kaschten näischt.

Flexibel

Et kann een sech mam Bibellehrer virtuell oder perséinlech treffen – wou a wéini ee wëll.

Onverbindlech

Et geet ee keng Verflichtung an. Et kann een zu all Moment ophalen.

Wéi leeft e Bibelcours of?

Bei dësem interaktive Bibelcours mat der Publikatioun Glécklech fir ëmmer léiert een d’Noriicht aus der Bibel kennen a wéi engem dat perséinlech hëllefe kann. E Bibellehrer hëlleft engem dobäi an een Theema gëtt no deem anere behandelt. Méi Informatiounen dozou fënnt een an dësem Video oder ënner der Rubrik „Froen iwwer Zeie vu Jehova“ am Artikel iwwer e Bibelcours.

Hätt Dir gär e Virgeschmaach op de Bibelcours?

Hei fënnt een eng Aféierung an déi éischt dräi Lektiounen.

Loscht et auszeprobéieren?

En Termin ausmaache fir e Bibelcours mat engem Bibellehrer.