LIDD 36
Mir schützen eist Häerz
1. Eist Häerz gutt schütze wëlle mir;
getäuscht kann et gär ginn.
Jehova kennt et ganz genau,
weess wee mir wierklech sinn.
Säi Wuert e Spigel fir eis ass,
duerch dee mir eis gesinn.
Vertrau’n op Gott, net op eist Häerz;
geleet vun him mir ginn.
2. Mir maachen eist Häerz ganz wäit op
fir dat, wat Gott eis seet.
Mir op hie lauscht’ren, trei him sinn,
da gi mir net verleet.
Wat eis beréiert Dag fir Dag
vertraue mir Gott un.
Mir schëdden him eist Häerz ganz aus,
e gutt Gefill dann hunn.
3. Wat reng ass, wouer a gerecht
an d’Häerz mir loosse ’ran.
Wat schlecht ass wiere mir schnell of,
well et eis schuede kann.
Mir denken iwwer Guddes no,
Jehova sech da freet.
Eist Häerz gehéiert eisem Frënd
bis an all Éiwegkeet.
(Dozou och Ps. 34:1; Phil. 4:8; 1. Pet. 3:4.)